Eng bëlleg Salef ouni Niewewierkungen déi de ville Patienten déi ënnert Neurodermitis oder Psoriasis leiden, immens hëllefe kéint, déi béiss Pharmaindustrie, déi aus Profitgier d’Vermaartung verhënnert, Biller vu leidende Kanner déi mat groussen trauregen Aen an d’Welt kucken, verzweiwelt Elteren, en Erfinder dee psychesch um Enn ass an een heldenhaften Auteur. Dat waren d’Ingredienten aus dem Drama „Heilung unerwünscht“, gewisen den 19. Oktober bei ARD.
D’Leit si schockéiert. Wei kann et sinn, dass esou e Medikament, dat a klineschen Etudë gepréift si soll, deene ville Mënschen an Nout einfach virenthale geet?

Als Apdikter reifs de der do emol d’Aen. Eng Preparatioun aus Avocadoueleg a Vitamin B12 dierft jo net ze schwéier hierzestelle sinn.

Am Film goufe Patiente gewisen, déi vun der Wierkung iwwerzeecht waren an Dokteren déi den Traitement net weidermaache konnte well de Proprietaire vum Patent hinne keng Echantillone méi konnt ginn. Sou, elo muss een sech d’Fro stelle firwat déi Dokteren déi Salef net als Preparatioun verschriwwen hunn. Déi Méiglechkeet kennt sécher all Dermatolog. En Apdikter hätt hinnen duerno sécher kenne virunhëllefen.
Dat famoust Medikament soll och a klineschen Etudë getest gi sinn. Mais et fällt een ëmmer nëmmen op déi 2 selwecht Etuden:
An der Zäitschrëft „Dermatology“ gouf 2001 eng Etude publizéiert un där 13 ! Patienten deelgeholl hunn. Am British Journal of Dermatology war 2004 eng Etude bei där 49 Patienten mat Neurodermitis deelgeholl hunn. Déi 2 Etuden schwätzen och net géint d’Vitamin B12 Salef mais et gëtt nëmmen ee klengt Fundament un Donnéeën. Souguer den éischten Auteur vun de Studien, den Dr. Markus Stücker vun der Ruhr Universität Bochum gesäit nach weideren Fuerschungsbedarf.
D’Evaluatioune sinn nach net ofgeschloss, d’Sécherheet ass nach net garantéiert an et huet een scho vill Medikamenter gesinn déi net hale konnte wat se versprach hunn.
Dat klengt net esou spektakulär wei am Film op der ARD. Déi Etudë gi laang nach net duer fir déi Formel als Medikament zouzeloossen.
Komescherweis gëtt een dann elo gewuer, dass d’Schwäizer Firma Mavena Health Care déi Salef schon am November ënnert dem Numm „Regividerm“ op de Maart brénge well. Passend dozou bitt eng Agentur „just in time“ nieft engem Pressetermin mam Gérant vun där Firma och nach d’Emissioun vun ARD op DVD un. D’Salef soll 30€ fir 100 g kaschten. Ee stolze Präis. Eng ähnlech Preparatioun wier an der Apdikt ee gutt Stéck méi bëlleg. Souguer den Auteur Klaus Martens schéint vun där ganzer Opreegung ze profitéiere. Mam Film ass nämlech och e Buch mam selwechten Titel eraus komm.
Ein Schelm wer böses dabei denkt…

Quellen:
Stücker M et al: Vitamin B(12) cream containing avocado oil in the therapy of plaque psoriasis. Dermatology 2001;203(2):141-7
Stücker M et al: Topical vitamin B12 – a new therapeutic approach in atopic dermatitis-evaluation of efficacy and tolerability in a randomized placebo-controlled multicentre clinical trial. Br J Dermatol 2004; 150 977-983

Advertisements