Wien méi lues ësst, gëtt méi séier saat. Dës Feststellung, déi an Zäite vu Fastfood ëmmer manner behäerzegt gëtt, ass elo duerch eng Etude am Journal of Clinical Endocrinology and Metabolism op eng wëssenschaftlech Grondlag gestallt ginnHämmi.

Den Alexander Kokkinos vun der Universitéit Athen huet de Leit déi un der Etude deelgeholl hunn, eng grouss Glace (300 ml) spendéiert. Déi Glace hu si missen a 5 bis 30 Minutte giess hunn. Dann hu se 7 mol am Oofstand vun 30 Minutte Blutt geholl kritt.

D’Fuerscher hunn net nëmmen den Zocker an den Insulingehalt gemooss mais och d’Konzentratioun vum Peptid YY (PYY) an dem GLP-1, dem « Glucagon-Like Peptide ». Dat sinn Hormonen déi am Gehir e Sättegungsgefill induzéieren.

Wei net anescht z’erwaarde goufe bei de Probanden déi d’Glace a 5 Minutte giess haten, däitlech manner Sättegungshormone produzéiert wei bei de Leit déi sech 30 Minutten Zäit gelooss hunn. An et iwwerrascht och net, dass d‘ « Schnelliesser » manner sat ware wei d‘ « Luesiesser ».

D‘ Moral vun der Geschicht…

© rme/aerzteblatt.de

Advertisements