Heige Bluttdrock

Heige Bluttdrock ka verursaacht ginn duerch e Gen dee wichteg war fir an der Wildnis z’iwwerliewen. D‘ Fäegkeet fir Salz am Kierper zeréck ze halen – zum Deel kontrolléiert duerch e Gen mam Numm CYP3A5 – variéiert mam Breedegrad. Wat eng Populatioun méi no um Äquator lieft, wat si Salz besser zeréckhale kann. Well d’Sammler an d’Jéer net sécher waren all Dag Salz ophuelen ze kennen, hu si missen duerfir suerge fir es net och nach vill ze verléieren. Sou, da bréngt dëse Gen elo an eis modern Welt mat Salzstaangen a Chipsen um Kanapee, da gëtt méi Salz zeréckbehale wéi néideg wat zu medizinesche Problemer wéi heige Bluttdrock féiert.

Lactose Intoleranz

Ob’s de Mëllech drénks oder net, dat hänkt dervun of wou déng nomadesch Virfahren sech néiergelooss hunn. De fréie Mënsch konnt (genau esou wéi verschidden Déieren) Mëllech nëmmen an senger fréier Kandheet verdauen. Ma wou d’Menschen ugefaang hunn siesshaft ze ginn, Kéi ze halen an d’Mëllech op emol ëmmer disponibel war, do gouf d‘ Fäegkeet fir se ze verdauen e selektive Virdeel. DNA Analyse vu Skeletter vun tëscht 5840 an 5000 viru Christus hunn erginn, dass déi éischt Europäesch Baueren d’Enzym Lactase, déi et méiglech mécht Mëllech ze verdauen, net produzéiere konnten. Eréischt déi Generatiounen duerno konnten dat. A Regioune wou et net méiglech war oder ass fir Mëllechkéi ze halen hunn d’Populatiounen nach ëmmer déi al Genen déi si Lactose intolerant maachen.

Obesitéit

Kenne mer eise Virfahren och d’Schold gi fir eis « Rettungsreefer » ronderëm d’Taille? Munnech Fuerscher menge Jo. D’Pima Indianer an Arizona, e Stamm deen eréischt säit kuerzem siesshaft ass, hunn en immens heigen Taux un Obesitéit an Diabetes duerch hir Genen. Wëssenschaftler hu festgestallt, dass d’Pima’en eng genetesch Variatioun hunn, duerch déi si méi lues metaboliséieren a méi Glucose zeréckhale wéi normal. Et gëtt ugeholl, dass dee Gen de Virfahre vun de Pima’en gehollef huet an Zäite wou d’Bouffe knapp war. Déi meescht vun eis sinn zwar keng Pima’e ma d’Fuerscher ginn dovun aus, dass eis Virfahren ähnlech Mechanismen hate fir Periode vu Knappt z’iwwerliewen. Dat huet dann déi bekannte Konsequenzen an Zäite wei haut, wou mer am Iwwerfloss liewen.

Advertisements