Malaria an Alkoholkonsum sinn zwee Problemer vun der ëffentlecher Gesondheet. Den Alkoholkonsum geet an den Entwécklungslänner erop, genau esou wéi d’Efforte fir d’Malaria anzedämmen. Erauszefannen op et Verbindungen tëscht deenen zwee Fléau’e ginn, gëtt also eng kruzial Fro.

Elo hu Fuerscher am Burkina Faso eng Etude gemaach wou se den Effet vum Béierkonsum op d’mënschlech Attraktivitéit fir Malaria-Moustiquë (Anopheles gambiae) moosse wollten. Si hunn 25 Fräiwëllegen Béier ze drénke ginn an 18 Probanden krute Waasser. Duerno gouf gekuckt vu weem d’Moustiquen am meeschten ugezu waren.

Et huet sech erausgestallt, dass d’Moustiquë léiwer bei déi Leit geflu sinn déi Béier gedronk haten. Dëst Resultat suggeréiert, dass d’Consommatioun vu Béier e Risikofacteur vir Malaria ass, an dat kéint an zukünftege Gesondheetsmoossnahme berücksichtegt ginn. Majo dann, Prost.

Advertisements