You are currently browsing the tag archive for the ‘Creme’ tag.

Virun iwwer 1000 Joer hunn d’Mesopotamier eng Method entdeckt fir hirer Keramik e spezielle Glanz ze ginn. Si hu mikroskopesch kleng Stécker Metall benotzt. Dëst war déi éischt bekannt Uwendung vun Nanopartikelen – kleng Partikelen déi manner wéi 100 Nanometer grouss sinn.

Hautdesdaags ginn Nanopartikelen ënner anerem an der Medezin benotzt, z. B. als Filter a Sonnecrèmen (Titandioxid) oder an der imagerie médicale (als magnéitesch Nanopartikelen).

Eng Uwendung vu Nanopartikelen déi am kommen ass, ass hir Eegeschaft als sougenannte « Carrier » fir verschidde pharmazeutesch Substanzen, d.h. als Transportmëttel fir Medikamenter op déi Platz am Kierper ze brénge wou se gebraucht ginn.

Chercheure vum Albert Einstein Medical Center hunn elo Nanopartikelen entwéckelt déi Steckstoffmonoxid (NO) transportéiere kennen. Dëse Gas gëtt am Kierper ënner anerem gebraucht fir eng Erektioun virzeruffen. Déi beschtbekannt Medikamenter wéi Viagra, Cialis a Co. stimuléieren d’Produktioun vun NO an erreechen domat hir stramm Wierkung.

Ee Medikament mat Nanopartikele wat elo déi éischt Tester bestane huet ass ebe just eng Crème géint erectil Disfunktioun. Dës Crème kéint vläicht an Zukunft déi faméis Medikamenter ersetzen. Mam Virdeel, dass d’Crème manner Niewewierkungen huet wéi déi aner Produiten.

Fir d’Zukunft gesinn d’Chercheuren kee Grond firwat Nanopartikele net sollten agesat ginn fir och aner Substanzen zu hirem Ziel ze bréngen.

De Professer Kelvin Davies (e vun de Fuerscher) sot:« Mir hunn mol nach net ugefaang dat ganzt Potential z’erfuerschen wat Nanopartikele brénge kennen ».

Advertisements

Lippenherpes wird meist mit rezeptfreien Medikamenten behandelt. Einfache Hygieneregeln können die Verschleppungsgefahr des Lippenherpes verringern. Den Rest des Beitrags lesen »

Archive