You are currently browsing the tag archive for the ‘Kappwéi’ tag.

Vill vun Iech wäerten dat neit Joer zesumme mat Famill a Frënn op där enger oder anerer Party begéissen. Besonnesch mat Alkohol ass d’Stëmmung flott an ausgelooss. Den Dag duerno huet dann awer leider Gottes den een oder den aneren en décke Kapp. Wouduerch kennt dat? Majo Alkohol entzitt dem Kierper Waasser a Mineralsalzen. Do kennt nach dobäi, dass en Tëscheprodukt vum Alkoholofbau, den Acetaldehyd, sech am Kierper usammelt. Dëse Produit ass gefteg a provozeiert Kappwei an dat Gefill…“mär ass et net gutt“… Den Ofbau vum Acetaldehyd gëtt duerch Zocker gehemmt. Duerfir ass den décke Kapp no enger Soirée mat séissem Gesëff besonnesch hefteg.

Wann der den Dag drop wëllt a Form sinn, net mam Alkohol iwwerdreiwen a vill Waasser dobäi drénken. Jo, ech weess, dat war eng schlau Remarque, mä et ass leider esou. Chipsen a Salzstaange sinn och eng Méiglechkeet fir dem Kierper en Deel vun de Salze schon am Laf vum Owend zeréckzeginn.

A wat wann ech dach iwwerdriwwen hunn? Huelt Paracetamol oder Aspirin ier der an d’Bett gitt. Drénkt vill Waasser, souguer besser nach en isotonescht Gedrénks (Gatorade, Isostar, Aquarius, etc.). Versicht mueres eppes sauer ageluechtes (Hierken, Kornischongen,..) z’iessen (ech weess, dat ass net onbedéngt evident) an dann hofft, dass et gläich besser geet. Keng Angscht, och dee schlëmmsten décke Kapp ass eng Kéier eriwwer. 😉

Voilà, an deem Sënn wënschen ech Iech alleguerten e gudde Rutsch an e glécklecht a gesond neit Joer. Prost!

Ären Apdikter

Voilà, lo mol erëm eng Kéier op Lëtzebuergesch:

Leit mat Kreeslaafproblemer an Iwwergewiicht mussen sech an der kalorieräicher Chrëschtdagszäit besonnesch an der Gitt halen. Dat deeglaangt Voll-Iesse kann nämlech Kappwéi provozéieren. Normalerweis geet ëmmer nëmme Rieds vum décke Kapp am Zesummenhang mat ze vill Alkohol. Dass dat och duerch Iwwergewiicht passéiere kann ass wäit manner bekannt. Riseg Portioune vu Foie-gras, Bûche a Co. erhéijen de Risque vu Kappwéi. Besonnesch d’Chrëschtdagszäit ass fir Leit mat Iwwergewiicht geféierlech. Däitlech Gewiichtszounahmen duerch déi séiss Verféierunge sinn oft Ursaach an Ausléiser vu Kappwéi.

Dat gesot wënschen ech Iech trotzdem alleguer schéin a besënnlech Chrëschtdeeg an e gesond a glécklecht neit Joer.

Archive