You are currently browsing the tag archive for the ‘Mineralien’ tag.

De Wiederfräsch profezeit fir déi nächst Deeg nach schéi Wanterlandschaften. Bal all d’Kanner freeë sech mam Schlitt ze fueren, Schnéimännercher ze bauen an op d’Schnéiballschluecht. A wann si vu lauter Freed och nach e bëssche vun der Wäisser Pracht iessen, da ginn esou munnech Elteren nervös an héiere schon d’Gejéimers iwwert Bauchwéi. Mais meeschtens sinn d’Suergen onbegrënnt. De Kanner schued et näischt wa si kleng Quantitéite proppere Schnéi iessen. Zwar entzitt de Schnéi dem Kierper Mineralsalzen, ähnlech wei distilléiert Waasser, mais duerch Mineralien aus der Ernährung ass dee Verloscht praktesch direkt ausgeglach.

Et ass selbstverständlech net unzeroden fir Schnéi vum Bord vun der Strooss oder vum Trottoir z’iessen. Do ass de Schnéi nämlech gäre knaschteg duerch Ofgasen, Streesalz oder Exkrementer vun Déieren. An dat kann natierlech nach aaner Problemer mat sech bréngen.

Advertisements

Archive