You are currently browsing the tag archive for the ‘Wanter’ tag.

De Wiederfräsch profezeit fir déi nächst Deeg nach schéi Wanterlandschaften. Bal all d’Kanner freeë sech mam Schlitt ze fueren, Schnéimännercher ze bauen an op d’Schnéiballschluecht. A wann si vu lauter Freed och nach e bëssche vun der Wäisser Pracht iessen, da ginn esou munnech Elteren nervös an héiere schon d’Gejéimers iwwert Bauchwéi. Mais meeschtens sinn d’Suergen onbegrënnt. De Kanner schued et näischt wa si kleng Quantitéite proppere Schnéi iessen. Zwar entzitt de Schnéi dem Kierper Mineralsalzen, ähnlech wei distilléiert Waasser, mais duerch Mineralien aus der Ernährung ass dee Verloscht praktesch direkt ausgeglach.

Et ass selbstverständlech net unzeroden fir Schnéi vum Bord vun der Strooss oder vum Trottoir z’iessen. Do ass de Schnéi nämlech gäre knaschteg duerch Ofgasen, Streesalz oder Exkrementer vun Déieren. An dat kann natierlech nach aaner Problemer mat sech bréngen.

Advertisements

De Wanter ass am Umarsch, a wat ass do besser wei e Besuch an der Sauna? Mä opgepasst matSauna verschiddene Medikamenter. Zum Beispill Plooschteren (Wärmeplooschteren, Nikotinplooschteren) kenne bei Hetzt méi vun hirem Wierkstoff ofginn. Doduerch kann d’Wierkung sech verstäerken. Heizkëssen hunn iwwregens dee selwechten Effet. Ausserdeem kennen déi Plooschtere duerch de Schweess éischter lass goen. Verschidde Rheumasalefe sollen och evitéiert ginn well d’Kombinatioun Wierkstoff-Hetzt d’Haut ze vill reizt.

Voilà, daat gesoot, bleiwt mer nemmen Iech dëse Wanter schéin a relax Momenter an der Sauna ze wënschen.

Archive